logotype
image1 image2 image3

 

                           Geeschteruucht mat Trauliischt brennen

 

Och dëst Joer ass et nees esou wait. Den 30. Oktober 2018 ab 15:00 Auer bis 19:00 Auer ass nees bei eis um Haff Geeschteruucht mat Trauliischt brennen ugesoot.

Dir sidd all härzlech wëllkomm fir mat ärer Famill, Frënn a Bekannten bei eis ze kommen.

Mir bidden ee flotten Programm fir Kanner un:

Kanneranimatioun

Rommelen aushielegen ( 17:30 Geeschteremzug)

Facepainting

Bastelatelier

op verschiddenen Platzen bei eis um Haff ginn Geschichten erzielt

Fir den Honger an Duuscht ass beschtens gesuercht:

Kürbiszopp

Pizza

Pangescher

Muffins

Bei guddem Wieder hu mir ee Parking an enger Wiss vir gesinn. Den Entree ass 10 € fir Kanner ab 2 Joer. Den ganzen Erleis vun dem Nometteg geet un de Frendeskrees Kamerun dei een Proje am Kamerun hun, wou sie Weesekanner an Jugendlechen ermeiglechen sech een neit Liewen op ze bauen.