E puer vun eisen Offeren:

Wëllkomm:

Wéi wichteg ass haut zu Dags eng Visite um Bauerenhaff ?

 

Dës Fro kann een sech wirklech stellen, mir versichen Iech dozou eng Äntwert ze ginn…

  • Wou kommen eis Liewensmëttelen hier ?
    • Brout, Mëllech, Eeër, Gromperen, … vill Kanner soen „aus dem Geschäft natiirlech !!!“
  • Wéi verleeft de Wee vum Weesekär zum fäerdege Brout ?

Jo…, haut hunn vill Kanner keen Bezuch méi zu der Landwirtschaft.

Hei brauchen d‘ Saachen Zäit fir ze wuessen.

D’Weess- d‘ Sonneblummen- an d’Maiskären,

de Som vun der Zalot, de Muerten an de Rommelen,

d’Gromperen- an Blummeknollen

kommen an de Buedem an dann muss een Gedold hunn, et braucht Zäit, Sonn, Reen a Wand.

Déieren kommen opt Welt,

e Källefchen, Jippelchen, Lämmchen…, mee leider bleiwen dës net kleng, Si wuessen an dat geet relativ séier.

Källefchen kann bannent enger Stonn stoen, een Jippelchen kann schon no 4-6 Méint die eischt Eeër leeën…

Op engem Haff ginn eis Sënnesorganer ugereegt.

  • De Gerochsënn: all Déier huet säi Geroch, d’Hee, de Piff, d’ Mëscht, d’Silosfudder
  • Den Taaschtsënn: duerch d‘ Déieren fillen à de Pelz, d’Fell, d’Woll,  d’Hee, d’Stréi
  • Héieren: d’Geräicher vun den Déieren an de Maschinen
  • Gesinn: Um Haff d’Aan op maachen fir ze kucken wat sech wou beweegt
  • Schmaachen: Mëllech, selwer gemaachten Kéis a Pizza

Mat engem Räichtum vun Ideen op eisem Haff suergen mir fir erliewnis- a léierräich Stonnen.  Mir suergen dofir dass all dës Sënner bei de Kanner waackreg geresselt ginn a beräicheren domat hiert Wëssen.

De Kontakt mat den Déieren ass wichteg, si sinn lieweg, beweegen sech…, Kanner léieren de Respekt virun den Déieren ze hunn…

Mir perséinlech fannen eng Visite um Bauerenhaff eng Beräicherung fir Grouss a Kleng.

Sech Zäit huelen, kucken, lauschteren, fillen a villäit och matschaffen.

Iwwerzeegt Iech selwer, kommt a maacht Iech ee Bild vun der moderner Landwirtschaft, déi sech wéi alles digitaliséiert.

Mir freeën eis op Äre Besuch! 

Wir nutzen Cookies auf unserer Website. Einige von ihnen sind essenziell für den Betrieb der Seite, während andere uns helfen, diese Website und die Nutzererfahrung zu verbessern (Tracking Cookies). Sie können selbst entscheiden, ob Sie die Cookies zulassen möchten. Bitte beachten Sie, dass bei einer Ablehnung womöglich nicht mehr alle Funktionalitäten der Seite zur Verfügung stehen.