Krabbelgrupp 1-4 Joer moies

                                                                     

Mir bidden monatlech Aktivitéiten un wou jeweils een Elterendeel, Bomi oder Bopi, ... mat dem Kand kann op den Bauerenhaff kommen. Am beschten wir et Kanner wiren schon bessi Mobil an kéinten treppelen

Am Ufank wärt alles nach ganz mat Opreegung an Angscht zesummen hänken an Kanner wëllen alles mat eneen gesinn, mee vun Kéier zu Kéier gëtt et besser an Kanner trauen sech Déieren un zepacken, op de Schouss ze huelen an ze fidderen.

Waat maache mir an dësem Grupp?

Zesummen ginn mir bei eis Déieren kucken.Well mir an dësem Grupp lauter kleng Kanner hunn an alles nach méi lues geet,wärten den Programm och plus minus emmer selwegt bleiwen. Kanner kennen mat Schubkarren fueren, mat Schëppen fidderen, Déieren upaaken an op den Schouss huelen, ... Et kann awer och mol spontan vir kommen, dass mir eng bessen aaner Aktivitéit plangen. De Moment gidd dir iwwert alles informéiert.

Wéini sinn d' Aktiviteiten ?

Monatlech fennt d´Aktivitéit statt. Geplangt ass eng Whatsapp Grupp ze maachen fir een Joer wou dir all Mound eng Noricht kritt mat Infoen an als Erennerung.
Denschtes oder donneschtes Moies vun 10:00 - 11:00 Auer

Waat soll oder kenn dir matbréngen ?

Probeiert är Kanner dem Wieder no gerecht un ze doen.  

 

Denschtes Moies             Donneschtes Moies                               
                                                   
01. Oktober 2024                     10. Oktober 2024
05. November 2024                 14. November 2024
07. Januar 2025                       16. Januar 2025
04. Februar 2025                      13. Februar 2025
04. März 2025                           13. März 2025
01. Abrëll 2025                          24. Abrell 2025
13. Mee 2025                            22. Mee 2025
17. Juni 2025                             26. Juni 2025

Umellen:

Umellen kennt dir Iech nemmen iwwert  Whats app 621 39 26 70  

Informatiounen kritt dir och um 26 35 09 30