Krabbelgrupp 1 - 3 Joer Mettes

Mir bidden monatlech Aktivitéiten un wou jeweils een Elterendeel, Bomi oder Bopi, ... mat dem Kand kann op den Bauerenhaff kommen.

Zesummen gi mir eis Déieren ukucken. Am Ufank wärt alles nach ganz mat Opreegung an Angscht zesummen hänken an Kanner wëllen alles mat eneen gesinn, mee vun Kéier zu Kéier gëtt et besser an Kanner trauen sech Déieren un zepacken, op de Schouss ze huelen an ze fidderen.

 

Waat maache mir an dësem Grupp?

Well mir an dësem Grupp lauter kleng Butzen hunn an alles nach méi lues geet, haale mir eis haaptsächlech bei eisen Déieren op. Et kann awer och mol spontan vir kommen, dass mir eng bessen aaner Aktivitéit plangen. De Moment gidd dir iwwert alles informéiert.

Wéini sinn d' Aktiviteiten ?

Denschtes an donneschtes Mettes vun 16:00 - 17:00 Auer

 

Denschtes Mettes                Donneschtes Mettes

      ausgebucht                                ausgebucht

17.September 2019                  19. September 2019
 08. Oktober 2019                     10. Oktober 2019
 05. November 2019                  07. November 2019
 07. Januar 2020                       09. Januar 2020
 04. Februar 2020                     06. Februar 2020
 03. März 2020                           05. März 2020
 31. März 2020                           02. Abrell 2020
 05. Mee 2020                            07. Mee 2020
 09. Juni 2020                             11. Juni 2020

 

Umellen:

Umellen kennt dir Iech hei um Site oder iwwet E-Mail bei Christine:  Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Dir kritt dann ee Formular gescheckt den dir ausgefellt musst zereck schecken. Wann mir den hunn gett d' Umellung konfirmeiert.

Informatiounen kritt dir och um 26 35 09 30