Mir bidden monatlech Aktivitéiten un wou jeweils een Elterendeel, Bomi oder Bopi, ... mat dem Kand kann op den Bauerenhaff kommen. Am beschten wir et Kanner wiren schon bessi Mobil an kéinten treppelen
Zesummen gi mir eis Déieren ukucken. Am Ufank wärt alles nach ganz mat Opreegung an Angscht zesummen hänken an Kanner wëllen alles mat eneen gesinn, mee vun Kéier zu Kéier gëtt et besser an Kanner trauen sech Déieren un zepacken, op de Schouss ze huelen an ze fidderen.
Waat maache mir an dësem Grupp?
Well mir an dësem Grupp lauter kleng Kanner hunn an alles nach méi lues geet,wärten mir daat och all Kéier emmer bessen daat selwegt maachen. Kanner kennen mat Schubkarren fueren, mat Schëppen fidderen, Déieren upaaken an op den Schouss huelen, ... Et kann awer och mol spontan vir kommen, dass mir eng bessen aaner Aktivitéit plangen. De Moment gidd dir iwwert alles informéiert.
Wéini sinn d' Aktiviteiten ?
Monatlech fennt d'Aktivitéit statt. Geplangt ass eng Whatsapp Grupp ze maachen fir een Joer wou dir all Mound eng Noricht kritt mat Infoen an als Erennerung.
Denschtes vun 14:30-15:30 Auer
oder
Donneschtes mettes vun 15:45 - 16:45 Auer
Waat soll oder kenn dir matbréngen ?
Probeiert är Kanner dem Wieder no gerecht un ze doen.
Denschtes Mettes Donneschtes Mettes
vun 14:30-15:30 Auer vun 15:45-16:45 Auer
ausgebucht
26. September 2023 nix am September
24. Oktober 2023 05. Oktober 2023
21. November 2023 09 November 2023
16. Januar 2024 11. Januar 2024
27. Februar 2024 08. Februar 2024
12. März 2024 07. März 2024
30. Abrëll 2024 18. Abrell 2024
nix am Mee 16. Mee 2024
04. Juni 2024 13. Juni 2024
Umellen:
Umellen kennt dir Iech nemmen hei um Site oder iwwet E-Mail bei Christine: aDiese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! oder iwwert Whats app 621 39 26 70
Informatiounen kritt dir och um 26 35 09 30